Guiness-Buch vun de RekorderNom Doud, als klengste Kou vun der Welt unerkannt

RTL Lëtzebuerg
Ee Mount nodeems d'Rani gestuerwen ass, gouf dee knéihéije Bauz aus dem Bangladesch als klengste Kou vun der Welt unerkannt.
© AFP/Munir Uz zaman

D’Guiness-Buch vun de Rekorder huet där 50,8 Zentimeter héijer Kou de Rekord zougesprach. Och um Site gouf bestätegt, datt d’Rani deem 61 Zentimeter klenge Manikyam aus Indien déi éischt Plaz ewechgeholl huet.

Wéi et nach gelieft huet, war d’Rani mat senge 26 Kilogramm eng Internet-Bekanntheet. Zéngdausende Visiteure sinn op den Haff zu Dhaka gepilgert, fir d’Mini-Kou ze bewonneren. Den 19. August war d’Rani wéinst enger Gasusammlung a sengem Mo gestuerwen.

© AFP/Archiv/Munir Uz zaman

Kuerz virdrun hat de Besëtzer Kazi Mohammad Abu Sufian d’Déier beim Guiness-Buch vun de Rekorder gemellt. Als Beweis huet hie Videoe matgeschéckt. Donieft huet de Sufian medezinesch Analysen eragereecht, déi beleeën, datt d’Rani net duerch eng Hormonbehandlung extra kleng gehale gi wier. Nom Dout huet hien och doriwwer Dokumenter agereecht.

D’Noriicht, datt d’Rani offiziell unerkannt ginn ass, huet “gemëschte Gefiller” beim Besëtzer a senge Mataarbechter ausgeléist. “Mir si frou, datt d’Rani d’Unerkennung krut, déi him zoustoung. Gläichzäiteg si mir awer traureg, datt hat net méi bei eis ass”, esou de Sufian.

© AFP/Munir Uz zaman

Back to Top
CIM LOGO