
Wéi den Aquarium-Zoo zu Madrid matdeelt, hätt deen éischte Klenge géint hallwer néng moies, no méi ewéi véier Stonne Wéien d’Liicht erbléckst. Deen zweete Panda ass kuerz no Mëtteg komm.
Op den Opname vun der Gebuert kann ee gesi wéi ee butzegen, rosafaarwege Panda ouni Hoer rose quiikst.
Déi neigebuere Panda-Bëbeeën wäerten an deenen éischte Méint komplett vun der Mamm ofhängeg sinn, bis se selbststänneg trëppele kënnen, heescht et an enger Erklärung vum Zoo.
Zwee Techniker aus dem chinesesche Panda-Ziichtungszentrum zu Chengdu wäerten de Veterinäre bei der Fleeg vun der Këppelchen, där hiert Geschlecht nach net bestëmmt gouf, hëllefen.
Weiblech Pandae bréngen zwar oft zwee Nokomme gläichzäiteg op d’Welt, ma d’Reproduktioun ass schwiereg, well d’Déieren oft net a Stëmmung kommen oder net genau wësse wéi si sech reproduzéiere sollen. Dobäi kënnt, datt weiblech Pandaen nëmmen eemol d’Joer fir ee bis zwee Deeg leefeg sinn.
De Grousse Panda steet op der Lëscht vun de bedroten Aarten vun der “International Union for Conservation of Nature”. Schätzungen no solle manner ewéi 2.000 Grouss Pandaen a Fräiheet liewen.