RTL JobdagPompjee a Rezeptionistin gesicht

Patrick Greis
Rendez-vous en Donneschdeg an der City Concorde
© RTL

Dësen Donneschdeg bitt sech an der City Concorde d’Geleeënheet 100 ënnerschiddlech Entreprisen ënner engem Dag ze fannen a kennenzeléieren. Um RTL Jobdag begéine sech nees Patronen déi oppe Plazen ze besetzen hunn, a Leit déi sech berufflech verännere wëllen respektiv am Chômage sinn an op eng nei Plaz hoffen. De Patrick Greis huet der zwee vun hinnen kennegeléiert déi vun haut op muer ouni Aarbecht do stoungen.

Max Petesch
© Patrick Greis

De Max huet fir Kach geléiert an och do scho gutt Erfarungen gemaach.
No engem Stage am renomméierten Hotel Adlon zu Berlin sicht hien awer elo no engem neien Challenge a wëll just nach privat doheem kachen.
De Max sicht zanter Oktober a kann et kaum nach erwaarden, dass säi Wonsch sech erfëllt.

An engem komplett anere Beräich sicht d’Elisabeth Marie Katherine.

© Patrick Greis

D’Elisabeth Marie Katherine huet eng genee Virstellung vum Job, passt sech awer och gär u wann et erwënscht ass.
Un Experienz feelt et och net.
An t’geet net just drëm séier vill Suen ze verdéngen

Dësen Donneschdeg gëtt d’City Concorde zu engem groussen Jobcenter mat 100 Patronen. Um RTL Jobdag ginn all Beräicher ofgedeckt an dir kënnt vun 08 bis 18h riicht duerch Patronen kenneléieren, ären CV ofginn, a vläicht spréngt de Fonke jo direkt eriwwer an dir hutt um Enn vum Dag eng nei Aarbecht. E Versuch ass et Wäert. Op jobdag.rtl.lu fënnt een déi 6 Audio-CV’en.

Pompjee a Rezeptionistin op der Sich

Back to Top
CIM LOGO