Elo am LivestreamDe Premier an d'Sozialpartner no Tripartite-Accorde LIVE am Journal

RTL Lëtzebuerg
Nom drëtten Dag vun de Verhandlungen tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften huet de Premier Luc Frieden Accorde op den Haaptlinnen annoncéiert. All Säit ass dobäi Kompromësser agaangen. D'Reaktiounen elo LIVE am RTL Journal.

En Donneschdeg am fréien Owend ass de Premier Luc Frieden virun d'Press getrueden an huet Accorden op den Haaptlinnen annoncéiert:

Kafkraaft stäerken, Aarbechtsplazen a Betriber schützen, erneierbar Energië fërderen.

D'Transitioun op erneierbar Energië wäert weider gefërdert ginn, wéinst Ofhängegkeet fossil Energien. Et kënnt eng Energiepräisbrems op Diesel, Bensinn, Stroum a Masutt. Gas soll och berécksiichtegt ginn.

Vum 1. Juni u kënnt e Credit d'impot conjoncture mat engem Montant equivalent vun enger Indextranche.

Et goung och drëms, de Leit mat klengstem Akommes/Mindestloun ze hëllefen. Iwwer Steierkreditter gëtt de Mindestloun op Netto-Basis nach emol erhéicht. All Mindestloun-Empfänger kritt bis den 1. Juli 2027, nieft Index, 200 Euro Netto méi. De Gros wäert den 1.1. 2027 kommen.

Hëllefe fir Betriber wéinst internationale Krisen, Logistik a Landwirtschaft huet de Luc Frieden annoncéiert. Zu temporäre Moossname gehéiert ë.a. d'Finanzement vu Wärmepompelen. Leasing social = hëllefe fir Leit mat niddregem Akommes, en Elektroauto ze kafen.

D'Nora Back sot zu de prinzipiellen Accorden: "Et gouf haut en Duerchbroch. Mir hunn de Sozialdialog erëm op d'Schinne kritt, mir kënne rëm mateneen diskutéieren."

Op d'Käschte vun den Decisiounen ugeschwat, huet de Premier Luc Frieden iwwer 2 Joer e Pak vu ronn 450 Millioune genannt. Dobäi géife keng zousätzlech Steieren op d'Leit zoukommen.

Méi Informatiounen an den nächste Minutten!

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO