Eng Ëmwelt-Klinik fir Lëtzebuerg, déi zweet Oplo vun der Pisa-Etüd oder nach déi ekonomesch Perspektive fir Lëtzebuerg.
Ënner anerem déi Sujeten hunn Ugangs Dezember 2004 d’Aktualitéit op Radio Lëtzebuerg dominéiert.
De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.

05/12/2024 Aktualitéit virun 20 Joer 18h40 Reportage Pit Everling

Bei enger Enquête vun Eurochambres weisen sech d’ Lëtzebuerger Entreprisen sech am europäesche Verglach am meeschten optimistesch fir d’Zukunft, dat nodeems et am neie Joerdausend manner gutt Jore gouf. 

De Pierre Gramegna, deemools Direkter vun der Chambre de Commerce

Cut
Am schwaarz-roude Koalitiounsaccord vun 2004 steet eng Ëmweltklinik.
Dëse Sujet stoung um Ordre du Jour an engem Regierungsrot Ugangs Dezember 2004. Ma d’Realisatioun annoncéiert net sou einfach.
De Premier Jean-Claude Juncker
Cut
Bis de Projet konkret gouf sollt et nach ganz laang daueren.

Pisa 2 fält fir Lëtzebuerg liicht besser aus. D’Schüler bleiwen an der Etüd awer ënnert der internationaler Moyenne
Deemools huet d’liberal Politikerin Anne Brasseur op RTL reagéiert, si war tëschent 1999 a 2004 Educatiounsministesch.
D’Resultater wieren encourageant, sou d’Anne Brasseur, déi awer der Meenung ass, datt hir Nofollgerin Mady Delvaux-Stehres – LSAP - zimmlech vill géing falsch maachen

Cut

Mir bleiwe bei der Schoul, ginn awer eriwwer vun de Schüler bei d’Studenten.
D’Uni Lëtzebuerg kritt vun 2005 u mam Rolf Tarrach en neie Recteur

Cut

De Rolf Tarrach war deemools den Invité an der Emissioun Kloertext op Tele Lëtzebuerg.