Täter ass net an Appell gaangen, Urteel vu 24 Joer rechtskräfteg

© Domingos Oliveira / RTL
De Mann, deen 2022 dräi Leit virun enger Disco muttwëlleg iwwer de Koup gefuer hat, muss 24 Joer an de Prisong.
Virun dräi Joer war Mëtt September e Mann virun enger Disco um Schlammestee muttwëlleg mat engem Auto an dräi Leit gerannt. Déi dräi Affer waren deemools deels schwéier blesséiert ginn.
Am Mäerz dëst Joer war de Mann, deen net emol fir de Prozess op d'Geriicht gaange war, zu enger Prisongsstrof vu 24 Joer verurteelt ginn.
Antëscht sinn all d'Delaien, fir an Appell ze goen, eriwwer, wéi e Porte-parole vun der Justizverwaltung dem Lëtzebuerger Wort géigeniwwer confirméiert huet. D'Urteel aus éischter Instanz ass domadder rechtskräfteg an de Mann muss 24 Joer op Schraasseg.