
Juncker géint Vogel, Zentralbank géint Regierung, Helminger géint Polfer.
Ënner anerem dës Dueller hunn an der zweeter Dezember-Woch vun 2004 op der RTL-Antenn eng Roll gespillt.
De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.
Enn 2004 hat de Maître Gaston Vogel sech un eventuelle Changementer beim Finanzement vun der Mammerent gestéiert déi am Raum stoungen.
De Stater Affekot hat an deem Sënn eng Petitioun lancéiert an de Staatsminister Jean-Claude Juncker ëffentlech kritiséiert.
De Regieurungschef huet am Dezember 2004 op engem CSV-Kongress op dës Debatt reagéiert.
Cut
2004 huet Lëtzebuerg am internationale Verglach eng héich Inflatioun.
De President vun der Zentralbank Yves Mersch gesäit ee vun de Problemer am Staatsbudget
Cut
Aus der Stater Politik koum am Dezember 2004 d’Nouvelle, datt de Buergermeeschter Paul Helminger net méi als DP-Spëztekandidat an d’Wale wäert goen an also net méi Gemengepapp wäert ginn
Cut
Um Enn sollt et ganz anescht kommen.
Den interne Muechtkampf Paul Helminger – Lydie Polfer gouf bei de Walen 2005 iwwerraschend kloer zu Gonschte vum Paul Helminger entscheet an dee blouf fir weider 6 Joer Buergermeeschter um Knuedler.