
De Luxair-Prozess mat der éischter Ausso vum deemolege Generaldirkter, méi séier Asylprozeduren....an en neien Trainer fir d’Futtball-Nationalequippe.
Ënner anerem dës 3 Sujeten hunn d’Aktualitéit op der RTL-Antenne am Dezember vum Joer 2004 dominéiert.
De Pit Everling kuckt 2 Joerzéngten zeréck
Méi wéi 2 Joer nom Fliger-Crash bei Nidderaanwen huet de Luxair-Generaldirekter Christian Heinzmann beim Untersuchungsriichter missten aussoen.
Dat nodeems de Chef vun der Fluchgesellschaft versicht hat de Riichter auszewiesselen, well dee befaange wier.
Eng Demande déi awer refuséiert gouf.
No der Auditioun sot de Christian Heinzmann dunn dëst
Cut
Asylprozedure solle méi séier ginn.
D’Dauer soll vun 3 Joer op 6 bis 8 Méint reduzéiert ginn.
Ënner anerem dat war d’Ziel vun engem neie Gesetz um Enn vum Joer 2004.
Den delegéierten LSAP- Ausseminister Nicolas Schmit
Cut
Mëtt Dezember 2004 gëtt et e Changement op der Trainerbänk vun der Futtball-national-Equipe.
D’FLF an den Allan Simonsen hu sech am Gudde getrennt.
Neien A-Nationaltrainer an Directeur sportif gëtt de Guy Hellers
Cut
De Guy Hellers sollt bis 2010 Nationaltrainer bleiwen.