D’Joer 2005 fänkt fir d’groussherzoglech Famill a fir d’ganzt Land mat enger traureger Nouvelle un.

Den 10te Januar 2005 stierft d’Groussherzogin Joséphine-Charlotte.
D'Fra vum Grand-Duc Jean a Mamm vu 5 Kanner krut 77 Joer.
De Pit Everling kuckt 20 Joer zeréck.

11/01/2025 Aktualitéit virun 20 Joer Online

D’Grande-Duchesse war scho méi laang krank. Bei hir war Longekriibs diagnostizéiert ginn.   
Ugangs 2005 huet hire gesondheetlechen Zoustand sech verschlechtert a si ass zu Fëschbech um Schlass un hirer Krankheet gestuerwen.
Den 10te Januar reagéiert de Premier Jean-Claude Juncker am RTL-Moiesjournal   

Cut

Den deemolege Regierungschef huet hirem Mann, dem Grand-Duc Jean, hirem Fils dem Grand-Duc Henri an der ganzer Famill  an enger offizieller Deklaratioun säi Matgefill ausgedréckt.

Cut

D’Joséphine-Charlotte gouf 1927 zu Bréissel gebuer, als Duechter vum spéidere Kinnek Leopold den Drëtten.
Si war d’grouss Schwëster vum Baudouin a vum Albert.
Den 9ten Abrëll 1953 gouf si mam deemolegen Ierfgroussherzog Jean bestuet.
D’Joséphine-Charlotte war bekannt fir hire sozialen an humanitären Engagement.
Si war ënner anerem Presidentin vum Roude Kräiz.
Um 75sten Anniversaire vun der Croix Rouge huet si sech un d’Bluttspender adresséiert

Cut

RTL wat den 10te Januar 2005  mam Mikro an der Stad ënnerwee an huet bei de Leit no Reaktiounen op den Dout vun der Grande-Duchesse gefrot

Cut

Et gouf eng Staatstrauer vu 5 Deeg deklaréiert.