
E Mëttwoch (11/12) invitéiert de Rocklab op déi nächst Rocklab Live Sessions an d'Rockhal. Déi Kéier gëtt et komplett elektronesch mam Timelord a Mathieu Moës.

Béid Kënschtler hunn hir Originnen an der Belsch, hu sech awer eréischt hei zu Lëtzebuerg begéint nodeems se decidéiert hunn op Lëtzebuerg ze plënneren. Hannert dem Kënschtlernumm Timelord verstoppt sech den Thomas Evans, deen een anerem och duerch de Projet A-55 kennt.

De Mathieu Moës lieft a schafft also och hei zu Lëtzebuerg a fillt sech esou wuel hei datt hien e Lidd iwwer d'Stad Lëtzebuerg (Lux-Ville) geschriwwen an erausbruecht huet. Den Ament schafft de Mathieu u sengen nächsten Optrëtter an hofft op professionell Ënnerstëtzung.
Hei geet et bei d'Rocklab Live Session
An hei nach d'Playlist vun dësem Episod