D'Sendung mat 100% Lëtzebuerger Musek ass zeréck. Méindes Owes heescht et erëm AM TAKT um Radio. An de Studio war gutt gefëllt; mat dobäi The Young Souls, den Daniel Balthasar a Pilot Light.

08/09/2025 Am Takt: The Young Souls, Daniel Balthasar & Pilot Light
RTL

The Young Souls ginn et elo schonn 10 Joer, ma d'Grupp aus der Gemeng Park Housen huet sech gutt Zäit gelooss fir en éischten Album, deen dann elo den 13. September zu House Live virgestallt gëtt.

08/09/2025 Am Takt: The Young Souls

[link title="Hei geet et op d'Homepage vun The Young Souls"]

RTL

© Daniel Balthasar Facebook

Den Daniel Balthasar reest reegelméisseg ronderëm d'Welt fir op de verschiddenste Plazen nei Musek entstoen ze loossen. Dës Kéier ass et zeréck an d'Abbey Road Studios gaangen, do wou hie schonn 2014 u senger Musek geschafft hat.

08/09/2025 Am Takt: Daniel Balthasar
RTL

Direkt nieft dem Am Takt-Studio schléit den Ethan Carey reegelméisseg säin Zelt fir TODAY RADIO op. Den Ethan ass awer och e passionéierte Museker an huet am Summer säin neie Projet PILOT LIGHT lancéiert.

08/09/2025 Am Takt Pilot Light

Feelt nëmmen nach d'Playlist vun dësem Episod (mat enger helle Wull neit Geschier)