An der 9. Episod vu "Mäi Wee" geet et ëm de Léon Staus, dee laang Zäit am Prisong verbruecht huet.

De Léon Staus huet an de 1960er seng ganz Kandheet zu Déifferdeng verbruecht. Mee scho mat 9 Joer ass hien net méi reegelméisseg an d'Schoul gaangen.

De Leo huet gefëmmt, Kicker gespillt an huet geklaut. Seng kriminell Zukunft war virgezeechent. Mat 11 Joer koum hien op Dräibuer an Enn de 70er an de Gronn an de Prisong. Deemools well de Leo net méi nëmme Autoe geklaut an a Weekend-Haisercher agebrach ass, mee hien hat sech op d'Knacke vu Coffre-forte spezialiséiert. No 30 Méint Prisong ass de Léon Staus zum Dealer ginn an souz zu Schraasseg mat Schwéierverbriecher ewéi de Mohammed Agovic an der Band vu Waldbëlleg.

No 15 Joer Prisong huet de Leo awer d'Kéier kritt. Hien huet déi wéineg Chance genotzt, déi e krut an ass vun 1997 u schaffe gaangen. Schlussendlech hat de Léon Staus sech zum Agent immobiller eropgeschafft. Och wann e schwéiere Motoradsaccident senger Pensioun nach bal e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet.

Seng Geschicht den Owend an eiser Emissioun Mäi Wee.