Aus dem Bulletin vum CGDIS
4 Accidenter mat 2 Blesséierten um Sonnde Moien

© Domingos Oliveira - rtl.lu
Vill Téitschen an zwou blesséiert Persoune gouf et e Sonnde Moien, wéi et op 4 verschiddene Plaze gerabbelt hat.
Kuerz viru 7 Auer hat sech tëscht Réiser an der Kockelscheier e Gefier iwwerschloen. De Chauffer koum blesséiert an d'Spidol.
Géint 7.20 Auer war op der Escher Autobunn a Richtung Stad en Auto an d'Leitplanke gerannt. Eng hallef Stonn méi spéit krut zu Zéisseng en Automobilist en Trottoir ze paken. Hei blouf et jeeweils beim Materialschued.
Kuerz virun 10.30 Auer koum et an der Lonkecher Strooss zu Rodange zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.
Am meeschte gelies