Stéchwonnen, a Schlaangelinne bis an de Géigeverkéier

© Police / Facebook
Ouni Permis, dofir awer mat ze vill Alkohol am Blutt war e Samschdeg Owend e Chauffer op der N7 ënnerwee. Zu Esch-Uelzecht koum et zu enger Messerpickerei.
Tëscht Maarnech an Housen gouf e Samschdeg Owend géint 21 Auer en Automobilist gemellt, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Dobäi ass en e puermol an de Géigeverkéier geroden. Bei der Kontroll war den Alkoholtest positiv, an de Chauffer war net am Besëtz vun engem Fürerschäin. D'Gefier gouf saiséiert an et gouf e Protokoll geschriwwen.
An der Nuecht op e Samschdeg war an der Avenue de la Gare zu Esch-Uelzecht eng blesséiert Persoun gemellt ginn. De Mann ass mat dräi Stéchwonnen an d'Spidol bruecht ginn. Kuerz dono konnt de presuméierten Täter gestallt ginn, deen op Uerder vum Parquet festgeholl a spéider dem Untersuchungsriichter virgefouert gouf.
Etlech Leit hunn et dann an den zwou leschte Nuechten net sou genee geholl mat der Nuetsrou. Ganzer 20 Mol gouf d'Police dowéinst geruff. Entweder konnten déi meeschte Fäll op der Plaz geléist ginn, oder awer war et roueg ginn, wéi d'Beamte bis op der Plaz waren.