Dat traditionellt Gréngt Spill op der Fouer gouf dëst Joer vun zwee neie Gesiichter geleet. Eent dovun ass awer kee Friemt an der Lëtzebuerger Kiermeswelt.

Mat 20 Joer eegent Karussell opgemaach

Zanter sengem 20. Liewensjoer ass den haut 30 Joer ale Kartik Sati fest an der Kiermes- an Eventzeen zu Lëtzebuerg doheem. Seng Passioun fir d’Selbststännegkeet huet sech awer scho vill méi fréi entwéckelt. Als Kand stoung de Kartik nieft sengen Elteren hannert der Grillbud, déi si kaaft haten, wéi hie grad emol aacht - néng Joer al war. No der Schoul huet hien do ëmmer erëm ausgehollef an ass dobäi séier op de Goût vun der Selbststännegkeet komm. No der Schoul war hien du bereet, "fir ze soen, elo fänken ech u mat engem Karussell".

Wat et heescht, Independant ze sinn, huet de Kartik virun allem vu sengem Papp geléiert. Awer och bei de Scouten huet hie vill wichteg Erfarunge gesammelt. Besonnesch duerch dat selbstännegt Schaffe war dem Kartik kloer, dass hien "alles, wat ech wollt maachen, och iergendwéi maache konnt".

De Sonndesinterview mam Forain Kartik Sati
Dat traditionellt Gréngt Spill op der Fouer gouf dëst Joer vun zwee neie Gesiichter geleet. Eent dovun ass awer kee Friemt an der Lëtzebuerger Kiermeswelt.

Grouss Ongewëssheet als Forain

De Wee als Forain ass awer alles anescht wéi sécher. D’Ongewëssheet, nëmmen op d'Saison an d’Clienten ugewisen ze sinn, huet de Kartik séier gespuert. Fir eng méi stabil Basis ze hunn, huet hien d’Firma “SatiGoRound” gegrënnt. Seng Iddi: Karusseller a Spiller u Gemengen, Veräiner oder fir Evenementer verlounen – an dat net nëmme fir Kiermessen, mee och fir Hochzäiten oder Privatfester. Haut geet d’Offer vu klassesche Karusseller iwwer Trampoliner bis zu engem klengen Zuch. Et ass eng “Win-Win-Win-Situatioun”, wéi de Kartik se beschreift: Hie kritt e fest ausgemaachte Präis, d’Leit gi mam Spill ugezunn an d’Kanner kënnen de ganzen Dag gratis domat fueren.

Mam Alchemist en Dram erfëllt

Trotz dem Succès vu “SatiGoRound” hat de Kartik awer nach ee groussen Dram: eng eege Bar. Duerch déi saisonal Aarbecht hat hien allerdéngs dacks d’Fräiheet, am Wanter méintlaang ze reesen. Als Proprietär vun enger eegener Bar kéint hien awer “net einfach soen, ‘ech maachen elo dräi Méint am Joer zou’”. Esou ass d’Iddi entstanen, eng mobil Cocktailbar opzemaachen – déi sech perfekt an den Eventberäich integréiert.

Fir d’Alchemist Bar huet de Kartik en typeschen amerikaneschen “Airstream Trailer” kaf, deen zwar virdru schonn als Béierbud ausgebaut war, awer fir eng professionell Cocktailbar nach e groussen Ëmbau gebraucht huet. Vue datt d’Mixe vu Cocktailen de Kartik schonn ëmmer interesséiert huet, hat hien och schonn eng Ausbildung als Barkeeper op der European Bartender School an Thailand hannert sech. Haut kombinéiert hien am Alchemist seng Passioun fir Cocktailer mat senger Léift fir d’Reesen. Mat der Chance iwwer d’Joer laang reesen ze kënnen, huet de Kartik schonn esou munch Solo-Rees hannert sech. Als oppene Mënsch – wat et als Forain definitiv brauch – ass de Kartik awer ni laang eleng. Hie kënnt ëmmer mat de Leit a Kontakt an dat ass och genee, wat hien op senge Reese sicht - aner Länner, aner Kulturen a besonnesch aner Goûten. Esou kënnt et och, datt een am Alchemist net just klassesch Cocktaile kritt. De Kartik experimentéiert gäre mat senge Cocktailen a kann esou ëmmer nees nei Kreatiounen ubidden.

Neie Business, trotz Angscht ëm Frëndschaft

Véier Joer no der Grënnung vum Alchemist huet de Kartik zesumme mat sengem laangjärege Kolleeg Raphaël Betti en neie Schrëtt gewot. Schonn zanter Joren hunn déi zwee sech gesot, "iergendwann eng Kéier, maache mir eppes zesummen". Wéinst der Angscht, datt ee sech just “nach als Geschäftspartner” gesäit, an "d’Frëndschaft verluer" kéint goen, hunn déi zwee no engem passende Kader gesicht. An och hei kënnt deenen zwee déi saisonal Aarbecht op der Fouer ze gutt: "An do hu mir ebe genau dat Richtegt fonnt, an zwar eppes zesummen op der Fouer, well et jo just dräi Woche sinn."

De Kartik Sati an de Raphaël Betti hunn de perfekte Stand fir sech fonnt
D'Gréngt Spill passt perfekt op déi zwee Barkeeper. Virun allem awer och well et just dräi Woche Fouer sinn.

Bei der Sich no engem passende Stand sinn déi zwee relativ séier op d’Gréngt Spill gestouss – de perfekte Stand fir déi zwee Barkeeper. Och wann de fréiere Bofferdeng-Stand Traditioun op der Schueberfouer ass, hunn de Kartik an de Raphaël "e Potential gesinn, dat nach net augeschëpft war". De Kartik wollt zwar nach net ze vill verroden, mä fir d’nächst Joer wier e visuellen Ëmbau geplangt, deen eng ganz nei Atmosphär matbrénge wäert. Wat hie mat engem grousse Laachen um Gesiicht verréit: "Et wäert net méi deen nämmlechte Stand hei stoen, deen dëst Joer nach hei steet."

Fir d'Fouer 2026 ass e visuellen Ëmbau vum Grénge Spill geplangt
De Kartik Sati an de Raphaël Betti hunn e Potential am Grénge Spill gesinn, dat nach net augeschëpft war.

Aarbecht ass entscheedend fir Freed um Liewen

Als Patron vun dräi Stänn op der Fouer an enger saisonaler Firma huet de Kartik keng klassesch Work-Life-Balance – fir hien, deen antëscht 10 Joer Forain ass - awer eng gewosst Realitéit, mat där hie gutt liewe kann. De Kartik geet an der Selbstännegkeet komplett op a seet selwer, datt hien hofft, esou laang wéi méiglech säin eegene Patron ze sinn. Hie géing vill Leit kennen, déi zwar gutt Plazen hunn, awer net glécklech op hirer Aarbechtsplaz sinn. De Kartik deelt de Schaffdag an dräi Deeler op: Schaffen, Fräizäit a schlofen. Wann een déi 8 Stonne Schaffen net mat Freed géing maachen, géing een déi schlecht Laun op de Rescht vum Dag iwwerdroen, fënnt hien. Wat de Kartik de Leit un d’Häerz wëll leeën: De Wee bei d’Zil wier net ëmmer riicht. Och hien huet mat engem Karussell ugefaangen, fir herno säin Dram vun enger Bar kënnen ze verwierklechen.

Wéi gesäit d'Work-Life-Balance wärend der Fouer aus?
De Kartik Sati huet zwar iwwer d'Joer gesi vill fräi, muss dofir awer wärend der Saison a virun allem wärend der Fouer ëmsou méi schaffen.