
Go By Brooks waren am Studio, Alfalfa triede beim Trounwiessel op, an den Hoffi Zambezi hëlt den Trounwiessel als Ulass fir eng nei Single!

© Jil Zago
D'Laetita an de Nicolas vu Go By Brooks wäerten hir nei EP "Push Back The Night" och op Vinyl erausbréngen. De 25. Oktober ass d'Release Opderschmelz zu Diddeleng. Am Takt presentéiere Go By Brooks d'Single "The Longest Day" an Avant Première.

© Alfalfa
Alfalfa: dat sinn de Charel Geimer an de Bert Jung. Si wäerten e Samschden am Kader vun de Festivitéite vum Trounwiessel um Glacis optrieden. Am Interview schwätze si och iwwert hire kënschtleresche Prozess an d'Pandemie als kreativ Phas.

© Hoffi Zambesi
Den Trounwiessel ass Grond genuch fir den Hoffi Zambezi e Lidd a neier Versioun erauszebréngen, dat ursprénglech fir d‘Prënzenhochzäit eraus komm war.
Am Interview zielt hien d'Geschicht hannendrun.
An hei geet et bei d'Playlist vun dëser Woch!