Dës Kéier mat e bëssen The Voice of Germany, enger Kënschtlerin déi e bëssen enttäuscht war datt aus dem Concert fir den Trounwiessel näischt ginn ass an engem Concert fir déi mental Gesondheet.

06/10/2025 Am Takt: Luciana & Marcy
RTL

Net manner wéi 3 Talenter aus dem Grand-Duché sinn an der aktueller The Voice of Germany-Staffel vertrueden. D'Luciana kréie mir fir d'éischt ze gesinn, dësen Donneschdeg (09/10/2025) ass et esouwäit. Stéchwuert wann et ëm d'Erfarung an der Casting-Show geet -> KRASS.

06/10/2025 Am Takt Luciana
RTL

Am Kader vun de ,,Semaines du Bien-être Mental'' ass et e Samschdeg den 11. Oktober un der 3. Editioun vun "Artists for mental Health", dat zu Nidderaanwen. All Joer sinn et hei aner Musekskënschtler déi hei optrieden. An dat op 2 verschidde Bünen:

06/10/2025 Artists for mental health
RTL

Den 80s-Sound vum Marcy war gëschter. Dat mierkt een net nëmme bei der fonkelneier Single BLACK PAINT, mä och schonn d'Lidder virdrun hunn eng Ännerung ugedeit. Iwwert de geplatzten Trounwiessel-Optrëtt an d'Inspiratioun vun der EP déi Enn Oktober erauskënnt, geet et Am Takt och.

06/10/2025 Am Takt Marcy

An dann nach d'Playlist vun dësem Episod: