Zéng Joer ale jiddesche Bouf gouf vu Matschüler attackéiert
En Dënschdeg de Moie war den Antisemitismus zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den Antisemitismus géif ëmmer méi de-komplexéiert ginn. Et geséich ee Saachen, déi een net fir méiglech gehalen hätt virun engem Joer. Dat sot de Bernard Gottlieb en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De President vun der ASBL RIAL, déi sech mat der Recherche an der Informatioun zum Thema Antisemitismus hei zu Lëtzebuerg beschäftegt, constatéiert, dass sech och generell gekuckt, d'Klima hei am Land verschlechtert hätt. Zum Beispill wann ee gesäit, dass Aktivisten dem Ausseminister Bettel bis an de Restaurant noginn, fir hien ee Krichsverbriecher ze nennen.
Och konkret gekuckt, léich een nach ëmmer op engem héije Chiffer vun 115 antisemitteschen Incidente bis Oktober dëst Joer. Et kéint ee mat 130 bis 140 bis Enn d'Joer rechnen. Dacks wieren d'Messagen indirekt an net explizitt antisemittesch. Et wieren also wéineg Leit, déi soen, de Staat Israel hätt keen Existenzrecht méi, mee et wiere méi subtil Parollen, déi awer an déi Richtung géife goen. Wéi zum Beispill "From the River to the Sea, Palestine will be free" wat géing heeschen, dass do fir Israel keng Plaz méi ass.
10 Joer ale jiddesche Bouf gouf vu Matschüler attackéiert
Dëst Joer gouf et och fir d'éischte Kéier eng physesch antisemittesch Aggressioun an enger Primärschoul. E Bouf vun zéng Joer, een israeelesche Staatsbierger a Judd, wier vu véier Matschüler ugegraff ginn. Si hätten de Jong op de Buedem geheit, geschloen, gebass a gekraazt an du gesot "you are an Israeli crybaby", also du bass een "israeeleschen Pinscher (pinschen = kräischen)", erkläert de Bernard Gottlieb. Déi véier Schüler hätten e Migratiounshannergrond a wiere warscheinlech selwer traumatiséiert vun deem, wat si erlieft hunn, mee dat wier trotzdeem inakzeptabel. D'Schoul hätt direkt intervenéiert an d'Schüler convoquéiert. D'Mamm vum israeelesche Bouf hätt eng Plainte bei der Police gemaach.
Déi meescht Attacken, besonnesch online, géing d'RIAL bei BeeSecure mellen. Dat géing dacks och un d'Police weidergeleet ginn. Do wier hien iwwerzeegt, dass dat eescht geholl géif, seet de Bernard Gottlieb. Feedback géif d'RIAL awer als Privat-Organisatioun doriwwer natierlech net kréien.
Kritik un der LSAP: Si schafen e Klima dee fir d'Judde geféierlech ass
De Bernard Gottlieb hat am Juli d'LSAP-Deputéiert Yves Cruchten a Franz Fayot ferm kritiséiert, well si fënnef parlamentaresch Froen a Relatioun mat Palästina thematiséiert hunn. U sech wier dat kee Problem, mee et wier einfach d'Systematik mat där d'LSAP virgeet. Traditionell wier een dat vun déi Lénk gewinnt gewiescht. Dass d'LSAP elo do op de Waggon mat drop gesprongen ass, géing him Angscht maachen, esou de President vun der RIAL. Well eng kleng radikal Partei wier déi eng Saach, mee wann eng grouss Partei wéi d'LSAP de Konflikt aus dem Mëttel-Orient géing op Lëtzebuerg importéieren, wier dat bedenklech. Si géingen domat de Palästinenser wéineg hëllefen, mee e Klima schafen, dee fir d'Judde geféierlech ass. D'LSAP géing domat och Leit encouragéieren, mat extreme Messagen erauszegoen, kritiséiert den Invité.
Wien diktéiert engem Israeeli, wéi e sech muss positionéieren?
Rezent war e Concert vun de Münchener Philharmoniker ënnert dem israeeleschen Dirigent Lahav Shani op engem Festival zu Gent gestrach ginn. De Shani hätt sech net kloer genuch zu der israeelescher Regierung positionéiert. Dat ass onméiglech, bedauert de Bernard Gottlieb. D'Fro wier natierlech: "Wat heescht dat elo 'kloer genuch'? Wien diktéiert, engem Israeeli oder engem Zionist oder engem Judd wat, wéi ee sech muss positionéieren, wéini datt et duergeet?". Hien zitéiert aus engem Fräie Mikro vum Frank Wies um Radio 100,7 a freet: "Muss an Zukunft all Artist, deem sengem Land Mënscherechtsverletzunge virgehale ginn, en Eed iwwer seng Gesënnung ofleeën, iert en optrieden dierf?" Op alle Fall wier d'Thema extrem brisant an dofir géing déi jiddesch Communautéit sech dacks bedeckt halen, erkläert de Bernard Gottlieb.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.