"Mussen den Tëschefall innerhalb vun der Schoul-Communautéit thematiséieren"

© RTL
Beim Educatiounsministère géing een de Fall vun antisemittescher Aggressioun an enger Primärschoul eescht huelen.
Den Antisemitismus géif ëmmer méi de-komplexéiert. Et geséich ee Saachen, déi ee virun engem Joer net fir méiglech gehalen hätt. Dat sot de Bernard Gottlieb en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De President vun der ASBL RIAL, déi sech mat der Recherche an der Informatioun zum Thema Antisemitismus hei zu Lëtzebuerg beschäftegt, constatéiert, dass sech och generell gekuckt, d'Klima hei am Land verschlechtert hätt.
Dëst Joer gouf et och fir d'éischte Kéier eng physesch antisemittesch Aggressioun an enger Primärschoul. E Bouf vun 10 Joer, een israeelesche Staatsbierger a Judd, wier vu 4 Matschüler ugegraff ginn:
"Si hunn de Jong op de Buedem geheit, geschloen, gebass a gekraazt an du gesot: 'you are an Israeli crybaby', also, du bass een "israeelesche Pinscher (pinschen = kräischen).' Déi véier Schüler hunn e Migratiounshannergrond a si warscheinlech selwer traumatiséiert, vun dem wat si erlieft hunn, mee dat ass trotzdeem inakzeptabel."
Den Educatiounsministère gouf vum Här Gottlieb iwwer dësen Incident a Kenntnis gesat. Doropshin hätt een d'Méiglechkeet gehat, bei der Schoul nozefroen wat genee geschitt ass. De Sträit hätt eigentlech harmlos ugefaangen duerch eng Klunsch. Et wieren eben zéng Joer al Kanner, erkläert de Lex Folscheid, Premier Conseiller de Gouvernement am Educatiounsministère. Et géing een den Incident awer ganz eescht huelen:
"Mir ginn deem Suitten. Mir huelen dat eescht. 't ass eis wichteg, dass d'Schoul eng Plaz ass wou jidderee wëllkomm ass. Onofhängeg vu senger Relioun, senger Kultur, sengem Hierkonftsland an der Sprooch, déi e schwätzt. An déi Oppenheet, déi Wäerter, fir déi d'ëffentlech Schoul steet, déi mussen alle Kanner present sinn, egal wéi al se sinn. A wa se nach jonk sinn a vläicht net ëmmer verstinn wat se soen, dann ass et awer trotzdeem wichteg, dat mat hinnen ze thematiséieren. Sou dass mer fir d'éischt Mol hei eng edukativ Approche huelen. Mir mussen den Tëschefall innerhalb vun der Schoul-Communautéit thematiséieren. Mir wäerten dat maache mam Zentrum fir politesch Bildung, deen hei och groussen Know-How huet an dat néidegt Fangerspëtzegefill huet, fir déi do Froe vun enger oppener Gesellschaft, vun deene Wäerter déi mir deelen, fir dat zesumme mat de Kanner ze thematiséieren."
Donieft géing een natierlech och souwuel mam Kand, wat geschloe gouf, wéi och mat de Kanner, déi geschloen hunn, e Suivi maachen. Se hätten alleguer psychologesch Betreiung ugebuede kritt. Déi déi geschloen hunn, hätte sech och schonn entschëllegt, sou nach de Lex Folscheid.