Ptolemea, de Projet ronderëm d’Sängerin Priscila Da Costa, bréngt mat hirem neien Album “Kali” eng Mëschung aus alternative Rock a Spiritualitéit op d’Bün. Nieft hinnen trëtt den Duo L’Éphémère mat hirer éischten EP “Résilience” an der Kulturfabrik op. D’Elise Nunes an de Steve Richer schafen eng melancholesch Welt, wou et ëm d’Akzeptanz, d’Verloscht an d’Hoffnung geet. Blue-ish, eng jonk Singer-Songwriterin mat franséisch-däitsche Wuerzelen, sie huet 2024 de Screaming Fields-Concours gewonnen an ass haut den Owend och an der Emissioun am Takt mat dobäi.

27/10/2025 Emissioun Am Takt
RTL

Den Interview mat Ptolemea:

27/10/2025 Am Takt Ptolemea

Nierft Ptolemea steet och L’Éphémère op der Bün.

27/10/2025 Am Takt L'Ephémère

Op der Release ass d'Blue-ish de Special Guest.

27/10/2025 Am Takt Blue-Ish

An dann nach d'Playlist vun dësem Episod: