
Zwee ganz ënnerschdilech Sportsween sti sech haut am Automag géintiwwer.
E wonnerbaren Hierscht Dag mat vill Sonn war ideal fir di zwee ze fueren. Därer wou een am Autoquartett, wat mir als Kanner gär mat Kollege gespillt hunn, gutt Kaarte gehat hätt. Faszinatioun a Fuerspaass bidden si allebéid. Bon an der Corvette just fir zwee, am Hyundai och gäre bequeem zu véier ënnerwee.Dat gëllt och fir de Volume an der Mall. Mam Hyundai kann et op d'Rees gooen, mat der Corvette éischter e Weekend Ausflug.


Erstaunlech wéi realitéitsno den Ioniq um Volant de Sportswoon akustesch a fueraktiv simuléiert. E sëllechen Track Astellungen verlaangen awer no engem Circuit. Näischt fir am Alldag op der Strooss auszeprobéieren.
D'Corvette huet och näischt géint den American way of drive. Hei huet een duerch de Mëttelmotor de Sound vum V8 gläich am Genéck. D'Motrice kann duerch d'Glasscheif bewonnert ginn.


An deenen zwee passt d'Sport Sëtzer Garnitur, a mat béide fält een op. D'Blécker veroden engem, do géif ech gär matfueren. Ass den Ioniq, och an der N Versioun, bannenan ganz sober, esou fält den Tableau de bord vun der Corvette dach spektakulär aus. Alles ass ronderem de Pilot, pardon, Chauffeur gebaut.
Werfe mir e Bléck op d'Fiche Technique. De Hyundai Ioniq 5 an der N Versioun, dat sinn 650 PS an eng 84kw/h Batterie. D'Corvette kënnt mam 6,2 Liter V8 op 482 däer Päerd. Sprint op 100, quasi exequo 3,5 Sekonnen. Awer bei der Spëtzevitesse do muss de Koreaner passen. 260 ass top, mee de Sportler aus den USA kënnt op nobäi 300 à l'heure.
Och a punkto Verbrauch ginn et Parallelen. Gëtt Temperament ofgeruff, liwweren di zwee ipsofacto, mee froen dann awer no vill Stroum, resp. Bensinn. Bei der Corvette tëscht 10 an 13 Liter, beim Ioniq op manst 18kw/h bis wäit iwwer 20. Oder anescht ausgedréckt bei 100% Batterie ginn 309 Kilometer Autonomie affichéiert.
Jo dat hei ass Spëtze Sport, woubäi awer d'Präisser net total ofhiewen. Fir 75 000 Euro kéint den elektreschen Ioniq 5N bei iech an der Garage stoen. Fir d'Corvette muss een op manst 110 000 Euro dohi bliederen. Avantage hei, et huet een de Choix tëscht Targa oder Coupé Cabrio. Trotzdeem fir dee Präis en Dram Auto säin eegen ze nennen geléngt bei anere renomméierte Marken éischter net.
Old school Sportswoon oder Hyper E-Power? Jidderee muss dat fir sech decidéieren, oder besser gesot, vill vun eis mussen dat guer net entscheeden.
Op alle Fall war deen doten éischten Hierscht Weekend méi wéi agrabel mat zwee aussergewéinlechen Talenter op 4 Rieder!




Majo dann, do war awer een zefridden. Fotoen vum Hyundai Ioniq 5N versus Corvette C8, geschwënn op www.radio.rtl.lu