Am September duerfte mer e just kucken, am Oktober war et dunn esouwäit a Cupra huet op de Fuertest vum neien Terramar agelueden. Wéi een Androck de spuenesche Brudder vum VW Tiguan mécht, dat huet de Paul Origer fir eis op de Stroossen an a ronderëm Barcelona erausfonnt.

14/11/2024 AUTOMAG Cupra Terramar Fuertest

Auto emocion huet et fréier mol bei Seat geheescht, ma de Cupra Terramar wëll dësem ale Slogan an dem Esprit vun der Mark gerecht ginn an dee bëssen aneren SUV ubidden!

Den Design

Dee brauche mer net méi grouss virzestellen; op der statescher Presentatioun ass eis schonn déi nei Cupra-Nues opgefall déi vum Leon Facelift agefouert gouf. Soss ass den Terramar trotz 1m60 Héicht relativ sportlech an dynamesch geroden, an d’A sprangen dann och direkt déi grouss Felgen am typesche Cupra-Bronze an déi nei Faarwen.

Den Interieur

Hei loossen déi gutt al Zäite vu BMW e bësse gréissen. Am Terramar spillt nämlech de Chauffeur d’Haaptroll an dofir ass den Tableau dann och him zougedréit. An deen ass mat vill Léift zum Detail flott unzekucken; hei an do ginn et Applikatiounen am Bronze an eng Rëtsch praktesch Detailer. Et dominéiert awer d’Sportlechkeet; ugefaang bei de richteg gudden Integralsëtzer bis bei déi, duerch de relativ nidderegen Daach, sportlech Atmosfär bannenan.

Op der Strooss

2 Motorisatiounen stounge fir den Test prett. De Bensinner ass mat 265 PS alles anescht wéi ënnermotoriséiert, wierkt awer net ëmmer souverän mee éischter ugestrengt, zemools d’DSG-Boîte dann awer mol e bëssen zéckt. Net besser mécht et fir mech deen extrem kënschtleche Motorsound am Cupra-Modus. Iwwerraschend flott ënnerwee war dogéint den Hybrid, trotz deem méi klenge 1500er mat Elektro-Hëllef gëtt et 7 Päerd méi Leeschtung a vill Fuerspaass. Just de Sportmodus kéint méi riguréis an de Gäng bleiwen amplaz stänneg de Motor ofzeschalten an esou versicht, spuersam ze sinn. Gutt Aarbecht geleescht gouf bei Steierung a Fuerwierk; matdeelsam, knackeg esouwéi straff, awer net ze haart - de wëlle Rëtt iwwert de morschen Terramar-Circuit huet dem Cupra-SUV op jidde Fall näischt gedoen.

D’Präisser

Tjo, Cupra ass net méi Seat an dat spiert ee bei den Tariffer. 42.375 kascht de Basismodell, den décke Bensinner oder den Hybrid starte bei ronderëm 54.000 Euro. Dat ass nawell eng Uso.