
Corniche Bijoux ass zanter 1999 d’Bijouterie vun Ärem Vertrauen!
An hirem hauseegenen Atelier zaubere 7 geléiert Bijoutieren Iech an Äre Léifsten, den Dram-Bijou ëm de Fanger, den Hals oder op d’Ouer.
Nieft hiren neisten eege Kollektioune fir d’Chrëschtdeeg, kreéieren si och Bijouen op Nofro a probéieren op all Är Wënsch anzegoen.
Ganz intressant ass och, datt Dir grad elo mat den héije Präisser vum Gold, Äert alt Gold bei Corniche Bijou brénge kënnt, si et aschmëlzen an domat e ganz neie Bijou kreéiere kënnen.
Dir fannt si zanter 2 Joer op Nummer 40 an der Groussgaass an der Stad, a wärend der Adventszäit ass d’Corniche Bijoux zousätzlech och nach Méindes a Sonndes jeeweils vun 2 bis 6 fir Iech do.