Fir eng éischte Kéier zu LëtzebuergD'virtuell Foire Agricole zu Ettelbréck

IPL
Stellt Är Froe Live op FAE.lu

D’Foire Agricole vun Ettelbréck ass eng Foire déi dëst Joer aus de bekannte Grënn, net kann ofgehale ginn, ewéi déi lescht Joren.

Mee dat huet d’Organisateuren net dru gehënnert e mega Event op d’Been ze stellen.

Hei ass d’Stéchwuert FAE.lu – well et ass déi éischt virtuell Foire Agricole.

Eng Foire, déi ee vun doheem aus genéisse kann an awer gëtt ee genau esou interessant an interaktiv ënnerhalen, wéi wann een op der Plaz wier.

Live aus den Däichhalen, mat Liveschaltung vu Lëtzebuerger landwirtschafleche Betriber, gëtt d’Foire Agricole integral iwwer Facebook, Eltrona, Post TV, de Canal 99 an natierlech och op FAE.lu gestreamt.

Op FAE.lu kënnt Dir och via Chatfunktioun aktiv Är Froe stellen an dir kritt se live beäntwert.

Déi virtuell Foire ass dann e Grondstee fir d’Zukunft, well och an de weidere Jore wëll een nieft der klasseger Foire um digitale Wee bleiwen.

Wat erwaart een dann op FAE.lu?

Ma fir d’alleréischt emol den zentrale Studio aus den Däichhalen mat Presentatioun vum Marie Gales a Camille Ney.

Et ginn :

- 70 Liveinterventiounen aus dem Studio a Form vun Interviewen,

- 60 Livereportage vu 4 Mobil-Reporter Equippen,

- 50 Videoreportagen,

- 20 Betriber kann ee virtuell am 360 Grad entdecken

An och fir de Kaf vun de Wueren huet sech déi virtuell Foire Agricole eng afale gelooss.

Dir kënnt ganz einfach mat der Kaf-Funktioun bei Letzshop.lu Är Produiten online kafen.

Déi éischt virtuell Foire Agricole den 3. a 4. Juni vun 10 Auer Moies bis 7 Auer Owes op www.fae.lu.

Do lount et sech op alle Fall laanscht zeluussen.

RTL Radio schalt natierlech vun Zäit zu Zäit eran an och d’Kolleegen vun RTL Tele Lëtzebuerg si mat dobäi.

03/07/2020 Business

Letzshop Foire Agricole
https://digital.fae.lu/

Back to Top
CIM LOGO