Eng einfach Léisung:
Den Telealarm vun der Stad Lëtzebuerg
Är Eltere liewen eleng an Dir fäert dass hinnen doheem en Accident geschitt? Oder dir wënscht Iech méi Selbstännegkeet a Sécherheet am Alldag?
Den Telealarm vun der Stad Lëtzebuerg ass e Noutruffsystem fir Leit déi sech an enger Noutsituatioun befannen.
Mat Hëllef vun engem einfache Knäppche kënnt Dir am Fall vun engem Accident en Noutruff ausléisen.
Eng einfach Léisung, déi är Sécherheet 24 Stonnen den Dag, 7 Deeg an der Woch garantéiert.
Beim Telealarm ginn et och vill verschidde Modeller an Optiounen, ugepasst un är perséinlech Besoinen.
Weider Informatioune kritt Dir beim Service Seniors vun der Stad Lëtzebuerg, T. 47962757 an op vdl.lu
Am meeschte gelies