D'Deputéiert reagéieren op dem Xavier Bettel seng Aussepolitesch Deklaratioun
© flickr.com / chambre des députés
E Mëttwoch hunn d'Deputéiert an der Chamber op dem Xavier Bettel seng Deklaratioun iwwer d'Aussepolitik reagéiert.
"Et feelt u Kohärenz", "et ass net kloer wou mer stinn", waren zwee Kritikpunkten, déi dobäi ënner anerem ze héiere waren.
Den Ausseminister hätt en Donneschdeg den Tour vum Globus gemaach, mee de Kompass hätt awer gefeelt, sot den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten an huet kritiséiert, datt d'Lëtzebuerger Regierung sech a verschidden Dossieren hannert aner Länner géif verstoppen:
"A wann et onbequeem gëtt, da waart si, bis déi aner virginn, kuckt wéi eng Richtung d'EU hëlt an dann dackele mer hannendrun. Mee esou funktionéiert d'Verantwortung net."
D'Sam Tanson vun déi Gréng huet d'Fro gestallt, ëm wat et bei der Deklaratioun iwwerhaapt gaangen ass, wat den Ausseminister iwwerhaapt hätt wëlle matdeelen:
"Geet et drëm duerzeleeën, wou een iwwerall déi lescht Méint esou war op dëser Welt? Mat wiem een telefonéiert oder geschriwwen huet? Wéi een och d'Lag an den ënnerschiddlechste Regioune vläicht beschreiwe kann? Dat kann och ofhänke jee no Zeitungslektür. Oder geet et drëm ze debattéieren, wat ons Aussepolitik ausmécht? Wouvu mer ons leede loossen? Wat ons Strategie ass, ons Schwéierpunkten, déi mer setze wëllen a mat wiem?"
Fir den ADR-Deputéierte Fred Keup hätt de Xavier Bettel a Punkto Palestina fir Verwirrung gesuergt:
"Dir hutt ganz laang hei op der Chamberstribün verdeedegt, datt der Palestina net wëllt unerkennen. Ganz oft, mat ganz verschiddene Grënn, déi am Fong och haut nach Gültegkeet hätten. An Dir hutt dunn awer op eemol ganz schnell Palestina unerkannt, zesumme mat anere Länner."
Dat ganzt wier en Zick-Zack, deen net fir Kloerheet suerge géif, huet de Fred Keup nach bedauert.
De Sven Clement vun de Piraten huet argumentéiert, datt ee sech d'Situatioun och einfach net schéi schwätzen dierft:
"D'Welt ass manner stabil ginn, d'Allianz manner zouverlässeg, de Multilateralismus fonctionéiert net méi esou wéi e sollt, mee dat heescht net, datt mer opginn. Dat heescht, datt mer eis upasse mussen. Lëtzebuerg ass kleng, mee mir hu scho vill erreecht, well mer zouverlässeg a prinzippientrei waren. Mee d'Zouverlässegkeet eleng geet net duer. Mir brauchen och Courage, Courage ze soen, wat falsch leeft. Courage, Konsequenzen ze zéien, Courage ze agéieren, net nëmmen ze reagéieren."
Den David Wagner vun déi Lénk huet a senger Interventioun den Ëmgang vu ville Partien mam Rietspopulismus kritiséiert:
"Et ass e fatale Feeler ze mengen, datt ee rietsextreem Parteie kleng kritt, andeems ee selwer änlech Thematiken zur Politik mécht. Esou si se ni gebremst ginn an um Enn gewënnt d'Original. Ech hoffen, datt de Bundeskanzler déi aner Säit vun der Musel dat och bekäppt."
Den Deputéierte vun déi Lénk hätt sech dofir och méi staark Téin par rapport zur US-Regierung gewënscht.