ADR-Motioun iwwer Réckzuch vum Verbrenner-Verbuet 2035 verworf
© pexels.com / Daniel Cassey Pahat
De Verbuet vum Verbrennungsmotor, deen 2023 op EU-Niveau adoptéiert gouf, wäert 2035 net antrieden. Där Meenung ass op mannst d’ADR.
An enger Motioun huet den ADR-Deputéierten Tom Weidig gefuerdert, dass de Verbuet vun Verbrennungsmotoren zeréckgezu gëtt. "Et kristalliséiert sech ëmmer méi, dass e Verbuet vum Verbrennungsmotor onrealistesch ass", esou den Tom Weidig. D’adr wier net géint den E-Auto, mee fir déi bescht Technologie, déi sech duerchsetze wäert.
Vun den anere Parteie gouf et vill Géigewand. Och wann een domadder averstanen ass, dass déi technesch Erausfuerderunge mat der Industrie musse geléist ginn, wier de fossillen Zäitalter awer eriwwer, esou de Jeff Boonen vun der CSV. Dowéinst missten elo d’Weiche fir d’Zukunft geluecht ginn. Engem "komplette Réckzuch" vum Verbuet, esou betount den CSV-Deputéierten, kéint een dowéinst net zoustëmmen.
D’Transitioun misst awer gutt begleet ginn, do waren sech d’Deputéiert eens. "Dat ass deen eenzege Punkt, bei deem mer warscheinlech beienee sinn", esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot zu der ADR-Fraktioun. "Mir mussen effektiv kucken, dass mir déi Transitioun och an der Aarbechtswelt begleeden." Ma et hätt een awer bis 2035 nach genuch Zäit, fir dat ze maachen. D’Joëlle Welfring huet ervirgehuewen, dass eng kloer Linn wichteg wier fir Aarbechtsplazen oprecht ze erhalen. China hätt et mat engem klore Fokus och hikritt, e grousse Sprong an der Technologie vun den Elektro-Autoen ze maachen.
"Wann d’Chinesen dat hikréien, da kréie mir dat och hin", sot den David Wagner vun déi lénk. "An ech fannen dat awer e bësse schlëmm, dass d’ADR d’Lëtzebuerger an d’Europäer als méi domm wéi d’Chinese wëllt duerstellen." Dorop äntwert den adr-Fraktiounspresident Fred Keup, dass d’Meenung vu senger Partei eng ass, déi och ëmmer méi Regierungen an Europa vertrieden. "De Verbuet wäert net kommen 2035, e wäert gekippt ginn", esou de Fred Keup. "Well et net anescht geet."
D'Motioun gouf um Enn mat 53 Nee- géigeniwwer 7 Jo-Stëmme verworf.