Dëse Weekend fannt Dir lauter lokal Produiten
E gudde Rot mam lokale Maart.
Loscht op Ettelbréck? Loscht lokal Saachen ze entdecken? Da kommt dëse Weekend op 'de Lokale Maart an ’t Däichhal op Ettelbréck!
Fannt op dëser zweeter Editioun vum ‘lokale Maart', iwwer 60 Stänn mat Design, Moud a Bijou'en, Iessen a Gedrénks, Bicher, Fleegeproduit’en an allerlee Déngschtleeschtungen.
Verschiede Stänn bidden och Workshops fir Kanner an Erwuessener un.
Et gëtt baussen ee 'Food Truck Village' mat 10 Food Trucks an dobanne fannt Dir eng lokal Bar mat 100% Lëtzebuerger gedrénks!
Gratis Entrée, gratis Parking virun der Dier! 'De lokale Maart' gëtt organiseert vu lët'z go local asbl, mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Ettelbréck.de 4. an 5. Mäerz an der Däichhal zu Ettelbréck vun 10h00 bis 18h00.
Weider Infoe fannt dir op Facebook an op www.letzgolocal.lu.