Bonjour Mesdames bei CNI Les Thermes zu Stroossen-Bartreng
Dënschdes Moies relax ënner Fraen
“Bonjour Mesdames” heescht et Dënschdes Moies bei Les Thermes zu Stroossen-Bartreng.
Kommt och Dir alleng oder mat Frëndinnen an verbréngt e relaxen Moment an der Sauna.
Fir e gudden Start an den Dag, kennt Dir an d’Wellness Lounge Kaffi drénken kommen an do vun engem gesonden an ofwiesslungsreichen Buffet profitéieren.
An dëser Zäit kennt Dir och mat engem professionellem Stuff iwert d’Themen Gesondheet, Fitness a Beauty schwätzen.
Kommt bis laanscht an entdeckt déi grouss Sauna Landschaft mat 10 verschiddenen Cabinnen bannen an baussen, engem Whirlpool, engem Bausse- Baseng an flotte Raimlechkeeten fir ze entspanen.
E flotte Moment just fir d’Dammen bei Les Thermes zu Stroosse-Bartreng.
Méi Infoen fannt Dir op www.lesthermes.net.