Lycée Technique Privé Emile Metz
Den LTPEM invitéiert Iech den 20. Mee ganz häerzlech op seng Porte Ouverte an der Beggener Strooss zu Dummeldeng, an dat vu Moies 9 bis Owes 5.
An dëser sympathescher Schoul wou d’Schüler vu 7ème bis 9ème a klenge Klasse besonnesch encadréiert ginn, kréien si och Cours d’Appuien an Hausaufgabenhëllef ugebueden. No der 9ème si méiglech, souwuel Technique Générale Informatique, wéi och den Technicien oder d’Beruffsausbildung am Holz, Metall Elektro a Mécanique.
An der Mëttesstonn an no der Schoul gi vill Aktivitéiten ugebueden, wéi de neie Makerspace mat 3D-Drecker a Laser Cutter.
Spezifesch am Emile Metz sinn, de Projet Pilote 7MOST, deen eng Bréck tëschent dem Modulaire an dem Secondaire Technique bitt, an de Fliger-Mecanicien.
Weider Infoe fannt Dir op www.ltpem.lu