Weekend d'Ouverture:
Park Sënnesräich zu Lëlljen
Beobachten, héieren, taaschten, richen a schmaachen, dorëmmer geet et am neie Park Sënnesräich zu Lëlljen an der Gemeng Wëntger. An enger flotter Expo mat verschiddene Statioune léiert dir är Sënner besser kennen a kënnt se och testen.
Kommt op hire grousse Weekend d'Ouverture dëse Samschden, Päischtsonndeg a Päischtméindeg, a loosst iech iwwerraschen.
Sidd déi éischt, déi di nei Expo kenneléiert a profitéiert och dobausse vun hirer schéiner Terrass, dem grousse Gaart mat Labyrinth an och dem Spillberäich.
Loosst Iech an hirem Bistro Sënnesräich verwinnen a verpasst och net d'Animatioun an d'Gewënnspill.
De ganze Weekend ass fräien Entrée, ëmmer vu moies 10 bis owes 5. Fir weider Informatiounen kuckt op www.sennesraich.lu
Am meeschte gelies