an d'Kulturfabrik

Dëse Weekend (17&18te Juni) verwandelt sech d’Kulturfabrik zu Esch an ee grousse lokale Maart!

Entdeckt 50 Stänn déi lokal Produkter verkafen a virstellen. Design, Moud a Bijou’en, Iessen a Gedrénks, Bicher, Kanner Geschir, Fleege Produit'en an allerlee Déngschtleeschtungen. Fannt eraus wat Lëtzebuerg ze bidden huet! Bréngt roueg ären Appetit mat; et gi vill lecker Saache mat 6 Food Trucks an ee Glacëvelo!

De lokale Maart by lët'z go local, dëse Weekend an der Kulturfabrik zu Esch/Uelzecht vun 10h00 bis 18h00. Den Entrée ass fräi.

Weider Infoe fannt dir op Facebook an op www.letzgolocal.lu.

Dësen Evenement gëtt erméiglecht duerch d’Stad Esch/Uelzecht.