Am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Schëff MS Princesse Marie-Astrid, spillt d’Militärmusek e flotte Concert uewen op Deck.

Dëse spezielle Concert ass gratis an dir braucht net ze reservéieren.

De Concert ass um Quai zu Gréiwemaacher a fänkt um hallwer 8 un.

Vun hallwer 7 un kennt der Iech et scho bei de Gedrénks- an Iessstänn gemittlech maachen, de Service gëtt hei vum Restaurant Savory a vum Bistro Quai vu Gréiwemaacher assuréiert.

Fir wieder Informatiounen an de komplette Programm kuckt op www.marie-astrid.lu