E gudde Rot mam ORT Süden
Entdeckt de Minetttour
Fir eis Industriekultur emol aus engem aanere Bléckwénkel kennenzeléieren, verbënnt de Minetttour 5 verschidde Siten.
Et sin dëst de Minett Park Fond-de-Gras, de Belval mam Héichuewen, de Musée Mine Cockerill zu Esch, de Musée des Mines zu Rëmeleng an de Centre de Documentation sur les Migrations Humaines zu Diddeleng.
Hei gitt Dir duerch d’Geschicht vun der lëtzebuergescher Stoolindustrie gefouert. Fuert mat historeschen Zich, besicht enneriirdesch Gallerien, begeeschtert iech vu fréiere Biergaarbechter hiren Anekdoten, fannt eppes iwwert Är Wuerzelen eraus a kënnt souguer op een Héichuewen eropklammen.
D’ganzt Joer iwwer gi Concerten, Austellungen an eng ganz Rei Fester fir Grouss a Kleng gebueden.
All d’Infoen an d‘Brochure fannt dir op www.minetttour.lu.