Erlieft e flotten Dag mat der ganzer Famill
De Park Sënnesräich zu Lelljen huet vill ze bidden
Kucken, héieren, taaschten, richen a schmaachen, dorëms geet et am neie Park Sënnesräich zu Lëllgen an der Gemeng Wëntger.
An enger flotter Expo mat verschiddene Statioune léiert dir är Sënner besser kennen a kënnt se och testen.
Kommt op hire grousse Familljen Dag en Dënschden den 15ten, op Maria Himmelfaart, a loosst iech iwwerraschen.
Entdeck di nei Expo a profitéiert och dobausse vun hirer schéiner Terrass, dem grousse Gaart mat Labyrinth, den buerféiss Wee an och dem Spillberäich.
Loosst Iech an hirem Bistro Sënnesräich verwinnen a verpasst och net d'Animatioun an d'Gewënnspill. De ganze Park Sënnesräich ass op vu moies 10 bis owes 5. Fir weider Informatiounen kuckt op sennesraich.
Am meeschte gelies