Kids Day:
Musée National des Mines zu Rëmeleng
Dëse Samschden ass nees de grousse Kids Day. Erlieft vun 11 bis 5 Auer een ofwiesslungsräiche Programm mat Facepainting, Wanderungen, Muséesrallye, Bouschéissen, Amateurfunker, Bastel- a Spillworkshoppen, Toure mam Touristenzuch a villes méi. Den Entrée ass fräi.
De Musée kënnt Dir d’ganzt Joer iwwer besichen, och mam Zichelchen, an dat elo am August vun Dënschdes bis Sonndes vun 2 bis 6.
E Musée, dee weist, ënnert wéi enge schwierege Konditiounen d'Mënschen deemools geschafft hunn, an esou ee wichtegen Deel zur wirtschaftlecher Entwécklung vun eisem Land bäigedroen hunn.
De Musée des Mines zu Rëmeleng. Mat, dësem Samschden, hirem Kids Day. Kuckt och op mnm.lu.
Am meeschte gelies