Vum 8. bis de 15. September:
Ferriminera Festival zu Schëffleng
Du bass zwëschen 16 a 26 Joer aal a bass u Konscht interesséiert? Dann pass elo op!
De Ferriminera Festival zu Schëffleng bréngt Dir nämlech vum 8. bis de 15. September d’Konscht mat diverse Workshops an Events, méi no.
Schreif dech nach bis de 7. September an de verschiddene Workshops an.
Vu Mangazeechnen, iwwer de Beruff vum Schmadd, bis zu Vocal-an Dancecoaching, ass fir jiddereen eppes dobäi.
Serge Tonnar&Legotrip, d’Toxkäpp, Zero Point 5, de Schëfflenger David Ianni a vill aner etabléiert Acts, stinn dëst Joer am exklusive Kader vun engem Spigelzellt um Programm.
Du bass interesséiert? Da surf elo laanscht op ferriminera.lu
Am meeschte gelies