De 9. September organiséiert den Ettelbruck City Tourist Office, an Zesummenaarbecht mat der Stad Ettelbréck an dem Centre des Arts Pluriels, fir d’éischte Kéier, d’ « Ettelbrooklyn Street Fest ».

Um Programm steet hei Musek, Akrobatik a Konscht an de Stroossen vun Ettelbréck.

Besicht och de Bichermaart vun 10 Auer Moies un.

Vu Mëttes 2 Auer un, zéien Iech Stroossekënschtler mat bei d’Bühn.

Musikalesch gitt dir vun Acts begleet ewéi :

Coll Quest, Austinn, Kid Kolling, an der Fanfare des Superheroes.

Als Haaptact: Dundu! Riseg Marionetten aus Liichterketten.

Fir Iessen a Gedrénks suerge Foodtrucks a local Veräiner

Nom Spektakel ass den Owend nach net eriwwer. Kommt op déi grouss Aftershow Party am Mpire.

Ettelbrooklyn Street Fest

Méi Info op

oder op

.