Vergiesst net déi Vergiesslech :
Memory Walk 2017
Vergiesst net déi VergiesslechËnnert deem Motto, geet dëse Samschden déi 16. Editioun vum Memory Walk un de Start.
Dëse gëtt all Joer am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag vun der ALA organiséiert.
Vun 11 Auer Moies un kënnt dir Iech op der Place Clairefontaine iwwer d’Alzheimer-Demenz an déi verschidden aner Formen vun Demenz op de Berodungsstänn informéieren.
Weist Är Solidaritéit géigeniwwer den Alzheimer erkrankte Leit a macht mat
beim Memory Walk,
e flotten Trëppeltour duerch ons schéin Haaptstad.
Hei geet et dëst Joer vun der Place Clairefontaine bis an d’Rue Pescatore, wou dann de Lift fir an de Pafendall geholl gëtt.
Memory Walk, dëse Samschden.
Umelle kënnt Dir Iech gratis op
.
Am meeschte gelies