De Pretemer Haff tëschent Lampech a Schuller
Fannt elo och flott Kaddosiddien an Deko fir d'Feierdeeg
Dir wëllt saisonal a regional akafen, a wëssenwou är Liewensmëttel hierkommen? Dann näischt ewéi op de Pretemer Haff zu Lampech.
Hei ginn et ënnert anerem frësch Äppel a Bieren, ma och Gebeess, Jus’en, de beléifte Lampi oder Schampi, a vill aner gesond Saachen, alles direkt vum Haff.
Nei dëst Joer si Lëtzebuerger Chrëschtbeem, Adventskränz an Deko mat Blummen, esou wéi flott Corbeillë fir d’Feierdeeg.
D’Famill Hoffmann-Gangloff zerwéiert eis an hirem schéine klenge Buttek, vun Dënschdes bis Samschdes vun 9 bis12 a vun 2 bis 6. Kommt och dir eng Kéier laanscht a schmaacht all hier gutt Saachen.
De Pretemer Haff tëschent Lampech a Schuller, an op pretemerhaff.lu.