Raffinéiert Menüen fir d'Feierdeeg, vum Chef-Kach, bei iech doheem.

Fir d’Feierdeeg freeën de Jan Schneidewind a seng Equipe sech op Iech, an hunn sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss:

Aus hirer Boutique : prestigiéis Kaddoen wéi Kaviar aus Uruguay, Foie gras aus eegener Kichen, aussergewéinlech handgemaachte Messeren a vill Produiten déi vum Chef elaboréiert goufen.

Natierlech ginn et och herrlech Menüen fir mat ze huelen, fir Chrëschtdag a Silvester, no der Aart a Weis vum Chef-Kach, a mat excellente saisonale Produiten.

Déi verschidde Menüen fannt dir op windsor punkt lu, bestellt äre Choix um 26 39 93 a kommt e ganz einfach op Hellegowend a Silvester tëscht 9 a 4 Auer op Bartreng sichen.

D’Feierdeeg mam Restaurant L’Atelier Traiteur du Windsor.