De Klautjen, e Restaurant mat regionale Produiten
Den David Albert kacht mat Häerz
De Restaurant Klautjen fannt der zënter 10 Méint um Rouscht bei Biissen an dat op der Lëtzebuerger Strooss.
Den David Albert invitéiert an e moderne neie Kader deen op zwee Konzepter opgebaut ass:
Engersäits gëtt et den Take out wou et Mëttes e Plat du Jour, Nuddelen a frëschgeluechten Baguetten ginn.Dat Ganzt fir matzehuelen oder op der Plaz z’iessen.
Anerersäits ass de Klautjen e Restaurant mat enger traditioneller Kaart wou den Ament Lëtzebuergesch Platen am Virdergrond stinn wéi Judd mat Gaardebounen, Kuddelfleck, Choucroute an hausmaacher Kniddelen.
Den David Albert leet vill Wäert op regional Produiten a verschafft dës mat vill Léift.
Bis zu 60 Leit si en plus fir Banqueten oder Familiefester häerzlech wëllkomm.
Sonndes ass zou, ma fir privat Feieren ass de Klautjen op Reservatioun awer op.
Méi Info och op www.deklautjen.lu