De Lycée vun de Naturwëssenschaften

Kommt dëse Samschde vu Moies 9.30 bis Nomëttes 14.00 op d’Porte Ouverte an de Fréijoersmaart an d‘Ackerbauschoul op Ettelbréck.

Losst Iech bei praktege Virféierungen, Informatiounsversammlungen a Visite-Guidée d‘Beruffer vu Bauer, Bëscharbeschter an Emwelttechniker, déi verschidde Gaertnerberuffer an déi vum Land-, Baumaschinen- a Camiounsmechatroniker presentéieren.

Den LTA bidd och Course fir déi ënnescht Klasse vu 7e bis 5e un. Besonnesch interessant fir 7e-Schüler ass Schaffen mam Ipad, Français+ an Mathé op däitsch.

Attraktiv Berufsméiglechkeeten bidden sech naturwëssenschaftlech orientéierten Schüler mat eiser Sektioun „Sciences naturelles“ am régime technique déi mir als eenzeg Schoul am Norden ubidden.

Porte Ouverte dëse Samschden am LTA.

Informéiert Iech op www.lta.lu

Fit fir d’Zukunft mam LTA – dem Lycée vun de Naturwëssenschaften