Porte Ouverte am Lycée Privé Emile Metz
Entdeckt eng sympathesch Schoul mat ville Méiglechketen
Den LPEM invitéiert Iech den 5. Mee op seng Porte Ouverte an der Beggener Strooss zu Dummeldeng, vu moies 9 bis Mëttes hallwer 4.
An dëser sympathescher Schoul, wou d’Schüler vu 7ème bis 5ème a klenge Klassen besonnesch encadréiert ginn, kréien si och Cours d’Appuien an Hausaufgabenhëllef ugebueden.
De Lycée Emile Metz bidd zousätzlech eng Bréck tëschent dem Préparatoire an der 7ème d’Observation un.
No der 5ème si méiglech, souwuel Technique Générale Informatique, wéi och den Technicien an d’Beruffsausbildung an de Beräicher Holz, Metall, Elektro, Informatik a Mécanique .
An de fräie Stonnen gi vill Aktivitéiten ugebueden, vum Makerspace mat 3D-Drecker iwwer Theater, Sport a Schach.
Méi Info op lpem.lu