D'Brideler Stuff
Profitéiert geschwënn och vun hirer frësch renovéierter Terrasse.
Dir hutt Loscht emol méi Leit z'invitéieren, awer är eege Stuff ass ze kleng?
Dann ass d’Brideler Stuff déi richteg Plaz, well hei kënne bis zu 148 Leit mateneen ënner Dag kommen.
Zanter 125 Joer scho ginn hei flott Fester gefeiert, ob am groussen, oder klenge Krees, a besonnesch gënschteg ass och, dass se aus all Eck vum Land richteg gutt erreechbar ass.
An der Brideler Stuff ass d’Zäit net stoe bliwwen. Nodeems d’Kiche scho vu Grond op nei gemaach gouf, kann een Enn des Mounts och vun hirer frësch renovéierter Terrasse profitéieren.
Richteg houfreg sinn si op hire Kuelenuewen, an deem flott Grillspezialitéite kënne preparéiert ginn. Ma donieft sinn si awer och fir hier grouss Auswiel u Lëtzebuerger Spezialitéite bekannt.
D’Brideler Stuff, dat ganzt Joer Mëttes an Owes op, ausser Méindes an d’Feierdeeg.
Kuckt och op bridelerstuff.lu.