E faarwegt an intressant Erliefnis

Daucht nach bis den 22. November an der Belle Etoile an déi magesch Welt vun der Elephant Parade an, organiséiert vun der Boutique Insolite.
Kommt déi erstaunlech Elefanten an Originalgréisst an der Galerie vun der Belle Etoile bewonneren, eng Ausstellung déi een op kee Fall verpasse soll.
Wärend dëser Zäit sinn och jonk Kënschtler invitéiert un engem Molconcours deelzehuelen, de Gewënner kritt eng Super Art Box geschenkt.
D’Kaddoe ginn an der Boutique Insolite verdeelt.
D’Boutique Insolite freet sech op en aussergewéinlecht, faarwegt an intressant Erliefnis.
Insolite an der Belle Etoile – d’Konscht an d’Faarf si mat derbäi!
Méi op insolite.lu.

E gudde Rot Boutique Insolite