Frankräich léist WM-Ticket, Portugal verpasst virzäiteg Decisioun
© Foto von FRANCK FIFE / AFP
En Donneschdeg den Owend war an der WM-Qualifikatioun den Optakt vum zweetleschte Spilldag.
Dobäi konnt sech Frankräich aus dem Grupp D den zweeten europäeschen Ticket fir d'Endronn an den USA, Kanada a Mexiko sécheren. Am Match géint den Tabellenzweeten Ukrain gouf et eng souverän 4:0-Victoire. Um leschte Spilldag geet et fir Island a fir d'Ukrain, déi allebéid siwe Punkten hunn, nach ëm d'Plaz an de Play-Offs.
De Fliger a Richtung Amerika kann eigentlech och d'Ekipp vun Norwegen scho buchen, déi mat 4:1 géint Estland gewonnen huet an am Grupp I domat weider ouni Punkteverloscht bleift. Um leschte Spilldag kënnen d'Italieener zwar nach mat de Punkte gläichzéien, ma d'Differenz vu 17 Goler ass am direkten Duell awer quasi net méi opzehuelen.
Fir Ungarn gëtt et no engem 1:0-Succès géint Armenien dogéint nees e klengt Stéck Hoffnung am Grupp F. Wéinst der 0:2-Defaite vu Portugal an Irland kënnen d'Ungaren um leschte Spilldag deemno wéi nach laanscht d'Portugisen op déi éischt Plaz zéien, wann et selwer dräi Punkte ginn an d'Ekipp ëm de Cristiano Ronaldo doheem géint Armenien verléiert. De 40 Joer ale Kapitän wäert wéinst enger Rouder Kaart, déi hien no enger Tätlechkeet gewise krut, do awer net matwierke kënnen. Am Fall vun engem Remis fir Portugal misst Ungarn héich gewannen, fir op d'WM ze fléien.
Am Grupp K bleift och England no enger 2:0-Victoire géint Serbien weider ouni Punkteverloscht. Wärend d'Three Lions sech den Ticket scho virun dësem Spilldag séchere konnten, ass hannendrun Albanien no enger knapper 1:0-Victoire an Andorra déi zweet Plaz net méi ze huelen.
Grupp D
Frankräich - Ukrain 4:0
1:0 Mbappé (55'), 2:0 Olise (76'), 3:0 Mbappé (84'), 4:0 Ekitiké (88')
Aserbaidschan - Island 0:2
0:1 Ingason (39'), 0:2 Gudmundsson (20')
Grupp F
Irland - Portugal 2:0
1:0 Parrott (17'), 2:0 Parrott (45')
Armenien - Ungarn 0:1
0:1 Varga (33')
Grupp I
Moldau - Italien 0:2
0:1 Mancini (88'), 0:2 Esposito (90+2')
Norwegen - Estland 4:1
1:0 Sorloth (50'), 2:0 Sorloth (52´), 3:0 Haaland (56'), 4:0 Haaland (62'), 4:1 Saarma (64')
Grupp K
England - Serbien 2:0
1:0 Saka (28'), 2:0 Eze (90')
Andorra - Albanien 0:1
0:1 Asllani (67')