E Freideg den Owend spillt Lëtzebuerg an der Futtball-WM-Qualifikatioun géint Däitschland.

Kuerz no 17 Auer en Donneschdeg den Owend ass déi däitsch Mannschaft mat engem Lufthansa-Fliger vu Braunschweig sécher um Findel gelant a gouf an e Luxus-Hotel op de Kierchbierg gefouert. Hei hunn eng 40 bis 50 Fans op si gewaart.

Am Stade de Luxembourg hu sech den däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann an den Nick Woltemade de Froe vun de Journaliste gestallt.

Am Allersmatch huet déi däitsch Futtballnationalekipp eng dominant Leeschtung gewisen a sech kloer mat 4:0 behaapt. Och de Retourmatch wéilt ee gewannen. Ma et misst een awer och oppassen a variabel bleiwen. Am Allersmatch hat een d'Gléck an der eng oder anerer Zeen op senger Säit gehat. Dobäi géing kommen, datt Lëtzebuerg an de leschte Matcher ëmmer nees mat anere Formatioune gespillt hätt, an een dohier net genee géing wëssen, wéi d'Rout Léiwe verdeedegen an attackéiere wäerten, sou den däitschen Nationaltrainer am RTL-Interview.

Am Match géint Lëtzebuerg feelen der däitscher Nationalekipp de Joshua Kimmich an den Nico Schlotterbeck. De Julian Nagelsmann a säin Trainerteam hu sech awer bewosst dogéint decidéiert, fir aner Spiller no ze nominéieren. Géint Lëtzebuerg wëlle si mat den Alternativen am Kader béid Ausfäll opfänken. Fir e Méindeg géing eng Chance bestoen, datt Kimmich a Schlotterbeck nees fit wieren, sou nach de Julian Nagelsmann am RTL-Interview.

Däitschland wëll sech als Gruppenéischte fir d'WM qualifizéieren. Den Ament huet ee genee wéi d'Slowakei 9 Punkten um Kont. De Retourmatch géint d'Rout Léiwe wier e ganz wichtege Match, sou den däitsche Stiermer Nick Woltemade. Lëtzebuerg hätt gutt Spiller, ma Däitschland och. Wann ee seng Leeschtung op den Terrain kéint bréngen, wäert dat och d'Warscheinlechkeet erhéijen, datt een de Match gewanne wäert, sou nach de Spiller vun Newcastle.

Den Nick Woltemade spillt zanter dem Summer op der Insel. Am Interview huet hien nach verroden, datt et ëmmer nees schéi wier zeréck ze sinn a mat ale Coequipieren nees zesummen ze spillen.

De leschten Training virum Match huet déi däitsch Nationalekipp net am Stade de Luxembourg gemaach. Si hunn zu Wolfsburg eng leschte Kéier trainéiert.