Zwou Persoune bei mëssgléckter Landung vu Sportfliger blesséiert
© RTL
En Donneschdegowend ass et um Fluchhafen um Findel zu engem Tëschefall komm.
RTL-Informatiounen no gouf et eng mëssgléckte Landung vun engem klenge Sportfliger. Dat confirméiert de CEO vu Luxairport, den Alexander Flassak. Zwou Persounen, déi am Sportsfliger souze wiere liicht blesséiert ginn.
Der Police no war et dem Pilot schlecht ginn, bei Luxairport heescht et zousätzlech, datt d'Fuerwierk net an där Positioun war an där hätt misste sinn.
Allerdéngs huet d'Start- a Landepist um Findel misse gespaart ginn. Dat bedeit, datt et en Donneschdegowend Retarde gëtt, oder datt Maschinne mussen deviéiert ginn, bis datt d'Pist erëm fräi ass.
De Sportfliger muss elo ofgeschleeft ginn, wéi laang dat dauert ass schwéier ze soen. De CEO vu Luxairport sot awer, datt dat méi séier geet ewéi bei enger décker Maschinn.





