De Stoffmaart Stoffenspektakel
 
                    e Samschden, 29ten November an der Luxexpo
E kënnt nees op Lëtzebuerg, de bekannten a beléifte Stoffmaart Stoffenspektakel, an dat elo e Samschden 29te November an d‘:Luxexpo.
Op iwwer 4000 Quadratmeter a 140 Stänn fannt Dir alles am a ronderëm de Stoff. Exposanten aus „dem In- an Ausland“ presentéieren déi neiste Stëfter fir de Wanter an dir kënnt se um lafende Meter direkt op der Plaz kafen.
Ob elo fir Dammen a Kanner, oder och nach alles fir d’Fënster, Quiltstëfter, Fudderduch an Dekoratioun, dir fannt och Patchwork- a Mercerie-Artikelen an natierlech d’Geschir fir alles ze verschaffen, vun der Nol bis bei d’Bitzmaschinn.
De Stoffmaart Stoffenspektakel. E Samschden 29te November vun 10-5 an der Luxexpo, den Entrée ass fräi.
 
                     
                     
                     
                    